CGDISEe Blesséierte bei Brand zu Esch

Andy Brücker
Zu Esch gouf et um Samschdeg de Moien den Ufank vun engem Kichebrand.
© Steve Muller

Den Asaz zu Esch gëtt op 10.37 Auer um Samschdeg de Moien datéiert. Eng Persoun wier verwonnt ginn, dat wéi e Kichebrand ausgebrach wier. Weider Detailer ginn net genannt. Op der Plaz waren d’Pompjeeën an eng Ambulanz vun Esch.

E Freideg den Owend kuerz no 19 Auer schonn hat zu Biissen e Gaardenhaische gebrannt, dat an der Rue Jean-Baptise Krem. Hei ass et awer beim Materialschued bliwwen. D’Pompjeeë vu Biissen hunn de Brand geläscht.

Back to Top
CIM LOGO