
Op der A3, tëscht Diddeleng an dem Beetebuerger Kräiz, sinn en Dënschdeg de Moie kuerz virun 9 Auer en Auto an e Moto net laanschtenee komm. Eng Persoun gouf verwonnt. Am Asaz waren de SAMU, grad ewéi d'Pompjeeë vu Beetebuerg an eng Ambulanz vun Diddeleng.
D'Pompjeeë vu Fréiseng, Beetebuerg an dem Réiserbann ware kuerz virun 11 Auer gefuerdert, well zu Fréiseng an der Munnereferstrooss e Brand an enger Scheier ausgebrach ass.