E Méindeg den OwendEe Blesséierten an engem Accident op der A13

RTL Lëtzebuerg
Fir de CGDIS war et ee vergläichsweis rouegen Owend, mat just engem Autosaccident um Méindegowend.
© Laurent Weber

Am Lokale mellt de CGDIS ee Blesséierten, nodeems e Méindeg den Owend géint 20:20 Auer op der Collectrice um Beetebuerger Kräiz en Auto an d’Leitplanke gaangen ass. D’Secouriste vu Beetebuerg an Diddeleng waren am Asaz beim Accident op der A13 a Richtung vu Péiteng.

An der Stroossbuerger Strooss op der Gare huet dann nach Dreck gebrannt, wat géint 21:30 Auer d'Pompjeeën aus der Stad op de Plang geruff huet. Blesséiert gouf hei keen.

Back to Top
CIM LOGO