
Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun bei deem Accident verwonnt. Op der Plaz waren d’Rettungsdéngschter vun Esch.
Kurez virun 22 Auer gouf donieft eng Dampentwécklung op engem Schantjen um Belair an der Rue de l’Ouest gemellt. Hei gouf et awer keng Blesséierter ze bekloen. D’Pompjeeën aus der Stad waren op der Plaz, grad ewéi och eng Ambulanz.