
Wéi de CGDIS schreift, ass e Sonndeg de Moien um 10 Auer en Automobilist mat sengem Gefier op der Streck tëscht Kënzeg a Grass bäigaangen. Eng Persoun wier verwonnt ginn, ass am Bulletin ze liesen. D’Rettungsservicer vu Stengefort waren op d’Plaz geruff ginn.