
Et war géint 22:30 Auer, wéi d'Pompjeeë vun Dippech, Monnerech an Esch wéinst engem Kichebrand an d'Dräikantonsstrooss op Recken un der Mess geruff goufen. Zousätzlech war och nach eng Ambulanz vu Mamer op der Plaz, dat fir sech ëm ee Blesséierten ze këmmeren.
Nëmme puer Minutte méi spéit waren d'Stater Pompjeeën ausgeréckt, dat an d'rue des Maraichers, well hei Dreck Feier gefaangen hat.