Eelere Mann ofgelenktEe Verdächtegen no versichtem Déifstall am Tram gepëtzt

Samantha Weber
D'Police rappelléiert no engem presuméierten Déifstall am Tram, op ëffentleche Plaze besonnesch opmierksam ze sinn, Wäertsaachen no bei sech ze halen a Poschen zouzehalen.
E Mëttwoch hat e Passagéier gesinn, wéi zwee Leit en eelere Mann wollte beklauen.
© Domingos Oliveira / RTL

E Mëttwoch war d'Police wéinst engem versichten Déifstall an engem Tram an der Stad geruff ginn. Ee Passagéier hat gesinn, wéi en eelere Mann vun engem anere Mann ofgelenkt gouf, wärend eng zweet Persoun probéiert huet, an deem seng Posch respektiv Rucksak ze gräifen.

D'Police konnt ee vun de Verdächtegen e bësse méi spéit um Tramsarrêt op der Place de la Gare untreffen a kontrolléieren. D'Sich nom zweete Verdächtegen ass allerdéngs negativ verlaf. D'Beamten hu weider Ermëttlunge lancéiert.

An deem Kontext rappeléiert d'Police, an ëffentlechen Transportmëttel an op ëffentleche Plaze besonnesch opmierksam ze sinn, Wäertsaachen no bei sech ze halen a Poschen zou an am Bléck ze halen. Um Site vun der Police fannt Dir weider Preventiounstipps.

Back to Top
CIM LOGO