Op falsch Maile vun der Post, datt engem säi Pak net konnt zougestallt ginn, oder falsch Rappeller vun der Police, datt ee säi Protekoll muss bezuelen: Phishing ass antëscht net méi just d’Mail vum räichen nigerianesche Prënz, deen engem Sue schenke wëll, mä antëscht gi fir dës Arnaque och d’Nimm an d’Logoe vu Lëtzebuerger Betriber an Administratioune genotzt.
Phishing ass eng Form vu Cyberattack, bei där Krimineller probéieren, Zougang zu Computeren oder Handyen ze kréien. Ganz dacks kontaktéiere si d’Leit iwwer SMS oder Email. A genau dorunner erkennt een eng Phishing-Aktioun: Un Nummeren oder Mailadressen, déi een net kennt. An dësen “Opfuerderungen” vun den Onéierlechen ass den Zäitdrock, fir ze reagéieren oder ze bezuelen, meeschtens grouss an an de Messagen ass dacks e Link oder en Attachment drun, deen een opklicke soll.
Wann een esou e Mail oder esou eng SMS kritt, soll een net impulsiv handelen, mä et kann ee bei de Banken, Institutiounen oder Firmen, vun deenen Messagen ze komme schéngt, nofroen, ob si effektiv esou e Schreiwes erausginn hunn. Bei Zweiwel kann een dëse Message och direkt läschen.