D‘Organisatioun këmmert sech ëm Mënschen, déi duerch dat soziaalt Netz gefall sinn a kee gudden Zougang zu medezinescher Versuergung hunn. Knapp 40 Prozent vun der Clientèle sinn Europäer, 24 Prozent sinn afrikanescher Ofstamung, iwwer 20% asiatescher.
Wärend der Pandemie ass vill vum Personal, dat schwaarz op de Chantieren, respektiv am Horesca-Beräich geschafft huet, vun hire Patronen hänke gelooss ginn. Konsequenz: Esou muncher een huet sech, ouni Versécherung, op der Strooss erëmfonnt.
Dr. Bernard Thill, President Médecins du Monde: „Eng dramatesch Situatioun, déi esou schlëmm ginn ass, datt mer hu misse Patiente vun der Strooss huelen, well mer eis gesot hunn, déi kënnen net do bleiwen, soss riskéieren déi hei op der Strooss ze stierwen.“
An deem Kader gouf iwwert déi lescht 2 Joer de medezineschen, ewéi och psychologeschen Encadrement erweidert. Nieft spezifesche Visitt-Zäite fir vulnerabel Fraen a Kanner, goufen 2020 an engem Privathaus zu Weiler zum Tuer - a Collaboratioun mat der Croix Rouge – vulnerabel Persounen gefleegt.
David Pereira, këmmert sech ëm déi national Programmer: „De Projet ass elo am Mäerz 2022 op Esch an de Chem geplënnert. Mir hu misse mat engem Spidol schaffen, well déi gesondheetlech Problemer vun deene Persounen esou déifgrënneg an deels schlëmm sinn, datt mer e richtege medezinesche Kader gebraucht hunn, fir déi Leit ze betreien.“
10 Better sinn hei aktuell reservéiert. Ma d‘Zuel u Leit, déi duerch de System falen a medezinesch Versuergung brauchen, kéint dëst Joer – duerch Inflatioun a Kris – weider staark an d‘Luucht goen.
Dr. Bernard Thill, President Médecins du Monde: „D‘Präisser ginn an alle Beräicher an d‘Luucht. Sief dat bei de Liewensmëttel oder beim Logement. An de Logement ass jo e grousse Problem zu Lëtzebuerg. Besonnesch fir eis Leit, déi kënnen do guer net méi mathalen an dat ass extreemst dramatesch.“
Zanter Abrëll vun dësem Joer existéiert d‘CUSS, eng universell medezinesch Ofsécherung fir jiddereen, deen zanter op d‘mannst 3 Méint zu Lëtzebuerg baséiert ass. Eng grouss Hëllef, esou Médecins du Monde – ma leider och just eng Symptom-Behandlung vun engem vill méi grousse Problem.