
Accident en Donneschdeg den Owend kuerz no 22 Auer op der A4 Richtung Stad. Op der Héicht vum Echangeur Féiz krute sech zwee Autoen ze paken. Wéi de CGDIS mellt, gouf eng Persoun verwonnt. D’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng waren op d’Plaz geruff ginn, grad ewéi eng Ambulanz vun Esch.