
En éischte Blesséierte gouf et deemno kuerz virun 20 Auer zu Haassel an der Rue de Weiler la Tour, wéi hei en Auto accidentéiert war. Um Asaz waren d’Pompjeeë vu Weiler zum Tuer an d’Ambulanciere vu Beetebuerg.
Géint 20.18 Auer gouf iwwerdeem e Foussgänger um Boulevard Konrad Adenauer um Kierchbierg ugestouss a verwonnt. Hei waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad am Asaz.
Zu Jonglënster an der Rue de la Montagne hat géint 21.37 Auer e Kamäin gebrannt. D’Feier konnt vun de Pompjeeë vu Jonglënster a Konsdref geläscht ginn. Hei koum keng Persoun zu Schued.
D’Pompjeeë vu Fréiseng goufen iwwerdeem um 22.05 op Uespelt an d’Strooss “Um Flouer” wéinst engem Adventskranz geruff, dee gebrannt huet. Och hei gouf kee verwonnt.
Bei engem Feier an enger Kichen zu Esch-Uelzecht an der Éilerenger Strooss eng hallef Stonn méi spéit gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz, fir d’Feier ze läschen, waren d’Pompjeeë vun Esch a Schëffleng. Donieft waren d’Ambulanciere vun Esch um Asaz.
An der Areler Strooss um Belair hat iwwerdeem géint 00.16 Auer eng Schalttafel gebrannt. Hei hunn d’Pompjeeë aus der Stad d’Feier geläscht.
Zu Gëtzen an der Nouspelter Strooss koum et géint 4.02 Auer zu engem Accident, bei deem zwou Persoune blesséiert a vum Samu-Noutdokter souwéi den Ambulanciere vu Mamer an aus der Stad versuergt goufen. Donieft waren d’Pompjeeë vu Stengefort um Asaz.
E weideren Accident gouf et eng 20 Minutte méi spéit, wéi um Pont J-P Büchler zwee Autoe kollidéiert sinn. Och hei waren d’Rettungsdéngschter aus der Stad am Asaz.