An der Nuecht vun e Freideg op e SamschdegEng Persoun gouf bei enger Schéisserei zu Rodange blesséiert

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg ass et zu Rodange zu enger Schéisserei komm.
© RTL Archiv

Wéi d’Police matdeelt, hätt ee géint 2.15 Auer an de Nuecht gemellt kritt, dass an der Rue Joseph Philippart eng Persoun ugeschoss gi wier.

Éischten Informatiounen no hätt d’Affer sech an der Géigend vun engem Café opgehalen, wéi et vun zwee Schëss getraff gi wier. Den Täter wier, nodeems hie geschoss huet, geflücht. D’Affer gouf an d’Spidol bruecht. Et besteet keng Liewensgefor.

Et gouf eng Enquête an d’Weeër geleet. Wéi sech d’Dot genee ofgespillt huet an ob et eng Relatioun tëscht Affer an Täter gouf, muss am Kader vun dëser gekläert ginn.

Back to Top
CIM LOGO