
Wéi d’Police schreift, wier hinnen en Donneschdeg gemellt ginn, datt eng Persoun Affer vun engem Bedruch iwwer Telefon gi war, bei där si hir Bankdonnéeë genannt hätt. An der Suite wier eng gréisser Zomm vun hirem Konto ofgaangen. Am Kader vun den Ermëttlungen hätt ee Verdächtege kënnen ermëttel an op Uerder vum Parquet festgeholl ginn.
Eng weider Festnam gouf et e Freideg géint 17 Auer, nodeems der Police en Déifstall an engem Buttek an der Avenue John F. Kennedy um Kierchbierg gemellt gi war. De Verdächtege gouf vun de Beamten op der Plaz ugetraff. Och hie gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Samschdeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Dee selwechten Owend war eng Patrull op e Mann op der Héicht vun der Avenue Monterey an der Stad opmierksam ginn, dee beim Erbléckse vun de Poliziste fortgelaf ass. Bei der Poursuite konnt de Verdächtegen op der Héicht vun der Rue du Fort Rheinsheim gestoppt ginn. Bei der Kontroll vum Mann goufen Drogen a Boergeld fonnt a séchergestallt. Doriwwer eraus huet sech erausgestallt, datt e Mandat d’arrêt géint de Mann virlouch. No enger Kontroll vun engem Dokter koum de Mann an de Prisong op Suessem.