
Geschitt ass dat ganzt e Samschdeg am Nomëtteg an der Rue de Luxembourg zu Rolleng. Et war géint 17.20 Auer wou d’Police alertéiert gouf. Eng Persoun gouf bei der Ausernanersetzung mat engem Messer un der Schëller verwonnt. De Blesséierte koum an d’Spidol, dëse schwieft awer net a Liewensgefor.
Eng Enquête gouf an d’Weeër geleet an nom Täter gëtt gesicht.