Zu ClierfEng Persoun wéinst haislecher Gewalt festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Den éischten Informatiounen no handelt et sech beim Täter ëm den Ex-Partner vum Affer.
© Laurent Weber

E Mëttwochmëtteg krut d'Police e Fall vun haislecher Gewalt zu Clierf gemellt. Eng Patrull ass doropshin op d'Plaz gefuer a konnt d'Affer untreffen. Dëst hat e puer Blessuren. Den éischten Informatiounen no huet et sech beim Täter ëm den Ex-Partner gehandelt. Dëse wier géigeniwwer dem Affer handgräiflech ginn an duerno geflücht. D'Beamte konnten hie schliisslech stellen. De Mann gouf op Uerder vum Parquet festgeholl an hat en Donneschdegmoie Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO