Zanter 10 Joer steet de Restaurant Waldhaff elo eidel. No engem juristesche Sträit tëscht dem fréiere Bedreiwer an dem Staat, deen deemools Proprietär war, huet de Restaurant seng Diere missen zoumaachen. Neie Besëtzer ass awer elo d’Gemeng Nidderaanwen. Déi wënscht sech, datt nees e Restaurant dra kënnt, an huet dowéinst en Architekte-Concours lancéiert.
Fabeck Architectes huet dëse gewonnen an däerf elo dat historescht Gebai nees an d’Rei setzen. Wat nach gutt ass, soll erhale bleiwen an en Valeur gesat ginn. Een Deel vum Gebai kënnt ewech, en Deel kënnt bäi, an d’Surface bleift d’selwecht. D’Raim ginn awer besser genotzt. Am neie Projet ass nämlech geplangt datt, och de Keller an de Späicher fir d’Clienten accessibel sinn.
Ob de Projet esou realiséiert gëtt, wéi d’Architektin sech dat virstellt ass net sécher. D’Gebai steet an enger Gréngzon, dowéinst brauch ee speziell Autorisatioune fir den Ëmbau.
Wa bis all d’Geneemegungen do sinn, kënnen d’Aarbechten ufänken. Enn 2028 ugangs 2029 soll de Restaurant Waldhaff nees seng Dieren opmaachen.
De fréiere Bedreiwer Marc Hobscheit hat 7 Joer laang e Restaurant um Waldhaff. Hie bedauert, datt ee sech deemools mam Staat net eens ginn ass, an datt d’Affär viru Geriicht gelant ass. Et goung deemools ëm eng Terrass, déi ouni Autorisatioun komplett iwwerdaacht gi war. De Marc Hobscheit fënnt et gutt, datt elo endlech nees eppes um Site geplangt ass. Et wier gutt, datt d’Gemeng d’Initiativ geholl hätt, an och de Projet, deen zréckbehale gouf, fënnt de fréiere Restaurateur ganz gelongen.