RehazenterEntloossung vum Marc Graas als Psychiater freet politesch Reaktioun

RTL Lëtzebuerg
Well de Psychiater ee Kontrakt vum Rehazenter net wollt ënnerschreiwen, gouf hie vun engem Dag op den aneren entlooss.

E Psychiater kritt am Rehazenter gekënnegt, well hie kee Kontrakt wëll ënnerschreiwen. Bis dohinner huet de Marc Graas sech zënter 2018 iwwregens ouni Schreiwen an Ënnerschrëft an als eenzege Psychiater ëm d’Patienten am Rehazenter bekëmmert. Vum 1. Juli un huet de fréieren Direkter vum CHNP vun Ettelbréck keen Accès méi an d’Gebai um Kierchbierg. Dat heescht, dass seng stationär Patienten net méi op seng Persoun als hiren Dokter kënnen zréckgräifen.

Sträit am Rehazenter
Entloossung vum Marc Graas als Psychiater freet politesch Reaktioun

Et geet ëm en Zousaz am Kontrakt, deen de Psychiater opfuerdert, 20% vu sengem Akommes un de Rehazenter z’iwwerweisen. Well hien dat refuséiert hätt, wieren d’Diere vum Rehazenter fir hien net méi opgaangen. Eng Decisioun vun der Direktioun, déi hien nëmmen iwwer Ëmweeër gewuer gi wier.

Ouni Preavis an ouni u seng Patienten ze denken, gouf eng Decisioun geholl, déi een net kéint an dierft acceptéieren, sou de Psychiater Marc Graas. Hie géif do gebraucht a gesäit de Rehazenter nach ëmmer als wäertvolle Bijou.

Gestreits op Käschte vum Patient?

Hien hätt keng komme gelooss, keng Faute grave gemaach. Wat him net goung, war de Saz am Kontrakt, no deem hien 20 Prozent vu sengem Akommes als Psychiater am Rehazenter hätt sollen un den Etablissement publique oftrieden.

Jo, dat mam Kontrakt war an ass de Problem, äntwert de Chef vum Rehazenter an erkläert sech: Et wier e Contrat type, an dee misst numol ënnerschriwwe ginn!

Och bei der Direktioun stéing de Patient am Mëttelpunkt, seng psychiatresch Behandlung wier weider garantéiert. An zwar iwwer eng Zesummenaarbecht mam CHNP.

De Gaston Schuetz präziséiert de 7. Juli iwwer Telefon, dass d’Direktioun vum Rehazenter sech déi lescht Woch mam CHNP vun Ettelbréck getraff hätt. An elo och mat Psychiateren, déi sech de 6. Juli bei hinne gemellt hätten.

De Wëllen ass do, mä esou séier geet et dann awer net, sou eis Conclusioun. Déi gëtt vum CHNP confirméiert!

Hei de Statement vum Generaldirekter vun der Rehaklinik Ettelbréck Mark Ritzen:

Mir - d’Rehaklinik vum CHNP zu Ettelbréck – haten d’lescht Woch éischt Gespréicher mam Rehazenter vum Kierchbierg an hunn d’Absicht, fir eis an noer Zukunft zesummenzesetzen, fir hir Besoinen z’analyséieren, an dann doropshin eng Konventioun auszeschaffen, fir d’Patienten am Rehazenter psychiatresch ze versuergen.”

Et wier een also wuel un enger Zesummenaarbecht intresséiert, awer dat géif net vun haut op muer goen.

De Gaston Schuetz präziséiert: Am Noutfall géif dës Woch effektiv op d’Psychiatrie d’urgence zréckgegraff ginn.

E Kontrakt, deem seng Konditiounen géint de Patient sinn?

De Chef vum Rehazenter, engem Etablissement publique, insistéiert op de Kontrakt mam Psychiater. Dat misst sinn, et wier e Contrat type, déi 20% fir si géing och de CHL vun den Doktere froen.

Extrait Marc Graas / Reportage Monique Kater

Dass déi 20% eng normal respektiv legitim Demande vun engem Spidol oder Rehazenter un d’Dokteren ass, dementéiert d’Dokteschassociatioun AMMD.

Extrait Alain Schmit
President vun der AMMD

Conclusioun

De Generaldirekter vum Rehazenter schwätzt vun engem Bijou, seet sech kompromëssbereet, well et eben ëm de Patient geet, an deen, deen elo net méi bei hinne schafft, virdru gutt geschafft hätt.

Extrait Gaston Schuetz / Reportage Monique Kater

A genee dee seet sech och kompromëssbereet.

Egal ob Iwwergangsléisung oder – wie weess, e “Sech-Eens-Ginn” am Sënn vun deem, ëm deen et geet, dem Patient also, hei ass och d’Politik gefuerdert. An eng séier Reaktioun vun där Säit.

Back to Top
CIM LOGO