CGDIS deelt matEt gouf nees eng Persoun vun engem Auto ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Dës Kéier krut en Automobilist zu Sprénkeng e Foussgänger ze paken.

Geschitt ass de Virfall e Freideg de Moie géint 07.40 Auer an der Lonkecher Strooss zu Sprénkeng. Vill Informatioune ginn et keng, just, dass eng Persoun ugestouss a blesséiert gouf. Op der Plaz waren d’Ekippe vun Dippech a Mamer. Dëst ass domadder den 10 Fall, bannent nëmmen enger Woch.

Um 08.51 Auer da koum et zu enger Kollisioun tëscht zwee Autoen, méi genee an der Areler Strooss. Och hei gouf eng Persoun blesséiert. D’Ekippe vu Mamer waren hei am Asaz.

Back to Top
CIM LOGO