
Den éischte Message samschdes wier eng reng Informatioun gewiescht, datt et kéint am Land no Damp richen. Dee Message hätt och als Zil gehat, den 112 net ze iwwerlaaschten. Well den Dag drop awer weider Appeller ukomm sinn, gouf decidéiert de Message nach eemol eraus ze schécken, och iwwer SMS fir nach méi Leit ze erreechen. Zu deem Zäitpunkt wieren d'Wäerter, déi gemooss goufen, nach bannent de virgesinne Schwellewäerter gewiescht.
Eng Warnung géif eréischt erausgoen, wann de Feinstaub wärend 2 bis 3 Deeg iwwert engem gewësse Wäert läit an dat wier hei net de Fall gewiescht. Just e Sonndeg war den gemoossene Wäert iwwert deem Schwellewäert.
Da betount de Luc Frieden och nach, datt et en isoléierten an temporär kuerzen Tëschefall war an de Risiko fir d'allgemeng Bevëlkerung niddreg bliwwe wier. Et hätt och keng signifikativ Erhéijung vu Consultatiounen an de Spideeler an deem Zesummenhang ginn.