Déierendoktere si besuergtEt kënnt ëmmer nees zu verbalen Attacken, seelen och zu kierperlechen

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht vum 19. op den 20. August koum et an der Déiereklinik zu Bäreldeng zu enger physescher Attack op eng Veterinärin.
Et kënnt ëmmer nees zu verbalen Attacken, seelen och zu kierperlechen
An der Nuecht vum 19. pp den 20. August koum et an der Déiereklinik zu Bäreldeng zu enger physescher Attack op eng Veterinärin.

No zwee Deeg hat Praxis rëm op, mee et stellt ee fest, datt dëst keen Eenzelfall ass. Wéinst dem Manktem un Déierendokteren, ass d’Situatioun schonn net ideal.

D’Hausdéier, fir vill Mënschen de beschten Frënd, dat deet och heiansdo d’Emotiounen iwwerkachen. Kierperlech Aggressioune wieren zwar eng Exceptioun, mee verbal Attacke géifen ëmmer méi dacks virkommen. Dr. Linda Weiland – Deierenklinik um Krakelshaff: “D’Situatioun sech an de leschte Joren och hei verschäerft huet, an deem Sënn, dass d’Déier, déi Plaz déi et hat, nach méi enk ass, an d’Léit einfach manner tolerant oder einfach méi gestresst sinn”.

Et probéiert ee mam Patient ze schwätzen an en ze berouegen, mee dat géif a vereenzelte Fäll net duergoen. D’Veterinäre sichen no Solutiounen.

Dr. Linda Weiland: “Mir hu Kameraen, mir kënne Gespréicher um Telefon ophuelen, mir hu verschidde Sécherheetsmoossnamen, déi mir en Place hunn, mee mir sinn um iwwerleeën, ob dat duergeet.”

Déierendokter wier ee schwéiere Beruff, deen ëmmer manner Leit wëllen ausüben. Kierperlech ustrengend, mä och zäitlech opwänneg. Et misst een den Job méi attraktiv maachen. Och Fuerderungen un d’Politik gi gestallt.

Dr. Simon Mousel – Presidentin LAK: “Mir hunn do scho mol Gespréicher mam Collège Vétérinaire, deen eben och Gespréich féiert mat der Regierung, fir ze kucken, ob ee virun allem mol déi Homologatiounsgeschicht vun deenen auslänneschen Diplomer, fir déi op jiddefalls kënnen ze vereinfachen, fir dass do Leit méi einfach kënnen op Lëtzebuerg schaffe kommen”.

Zu Lëtzebuerg ginn et ronn 300 Déierendokteren. Dat entsprécht aktuell 0,75 Vétérinairen pro 1.000 Déieren. Am Verglach läit dësen Taux bei der Allgemengmedezin bei 3,8 Dokteren pro 1.000 Awunner.

Back to Top
CIM LOGO