Lëtzebuerger Studenten zu Bréissel"Et war ee méi involvéiert, wéi ee wollt"

Pierre Weimerskirch
Mir hu mat zwee Lëtzebuerger Studente geschwat, déi de Match Belsch-Schweden kucke waren, an hu si gefrot, wéi si d'Evakuéierung erlieft hunn.
© Privat

Um Dag no der déidlecher Attack zu Bréissel seet de Sébastien Marchal, dass et eng Erfarung wier, déi engem am Kapp bleift. De Student vun der ULB war um Méindegowend zesumme mat aacht Lëtzebuerger Kolleegen de Match Belsch-Schweden kucken. Fir de Sébastien Marchal war et den éischte Match, deen hie vun den Diables Rouges kucke war.

Am Grupp mat dobäi war och de Laurent Manderscheid:

“Mir waren am Ufank an engem Café um Cimetière d’Ixelles, wou mer all a der Géigend wunnen an hunn eis zesumme mam Tram all a Richtung Stadion gemaach. Bis dohin hu mir nach näischt matkritt, mir hate bësse Verspéidung, sou dass de Match schonns ugefaangen hat. Bis zur Halbzeit war alles normal a mir sinn och an der Paus op den Tribüne sëtzebliwwen. Mir hunn du gemierkt, wei sech ëmmer méi Leit an Trape gestallt hunn a Richtung Sortie vun der Tribün gekuckt hunn. Et war eng onroueg Situatioun, mä et wosst een net, wat genau lass war, bis op eemol duerch d’Lautsprecher eng Uso koum ass, dass de Match géif ofgebrach ginn.”

E Grupp vu Lëtzebuerger Studenten war um Méindegowend am Stade Roi-Baudoin.
En Témoignage vum Sébastien Marchal.

“Mir krute Messagen, dass mer sollen op eis oppassen”

Vu Frënn a Famill krut si Messagen, eréischt do hätt ee richteg matkritt, wat zu Bréissel geschitt wier. Et hätt ee matgedeelt kritt, dass zwee schwedesch Fans erschoss gi wieren. “Mir hu lues a lues och Messagë vu Kolleege kritt, déi net am Stadion waren, déi gesot hunn, mir sollen op eis oppassen”, esou de Laurent Manderscheid.

Iwwert de Stadionspriecher wier ee permanent informéiert ginn, esou de Sébastien Marchal. D’Fans hunn de Stadion net dierfe verloossen, d’Police huet alles ofgespaart.

© Privat

De Laurent Manderscheid: “Am Allgemenge war et eng onroueg Situatioun an et wosst een net wierklech, wéi et lo weidergeet, well een och net vill Informatioune krut.”

Géint Mëtternuecht konnt een de Stadion verloossen. D’Diere vun deene verschidden Tribüne wieren no an no opgemaach ginn. Iwwerall hätte Poliziste gestanen. D’Lëtzebuerger Studente si mat der Metro zréck an d’Wunnenge gefuer.

“Et war ee méi involvéiert, wéi ee wollt”

De Laurent Manderscheid war bis elo nach net eraus, Coursen hat hien op der Uni keng: “Et fillt sech awer e bësse komesch un, villäicht well een awer méi involvéiert war, wei een dat wollt. Ënnert de Studente schwätze mer bëssen iwwert Situatioun an och all Eventer vum Cercle goufen ofgesot.”

De Sébastien Marchal sot, dass ee mat enger gewësser Onsécherheet schlofe gaange wier, wëll zu deem Ament de presuméierten Täter nach a Bréissel ënnerwee gewiescht wier. Ma et wier eng Erfarung, déi engem am Kapp bléift. Mat Coursen hätt hie sech um Dag dono e bëssen oflenke kënnen.

© Privat

RTL-News: No déidlecher Attack zu Bréissel - Presuméierten Täter ass dout, Warnstuf erofgesat

Back to Top
CIM LOGO