“Dëst Joer ass esou disruptiv, dass et bal schwéier ass ze beschreiwen”. Dat sot de liberalen Europadeputéierten Charel Goerens. Hie war en Dënschdeg de Moien eisen Invité vun der Redaktioun an hie war nodenklech gestëmmt. D’Amerikaner, eisen Haaptalliéierten, wieren net méi berechebar. Dat géing fir vill Onsécherheet suergen, donieft wier och d’wirtschaftlech Situatioun vun der EU den Ament net brillant. D’EU-Memberstaate missten dofir besser zesummenhalen.
Et dierft een den Donald Trump net méi ënnerschätzen, sou wéi een dat tëscht 2016 a 2020 gemaach hätt. Mat MAGA [Make America Great Again, ndlr.] wéilten d’USA just nach hir eegen Interête verdeedegen, deenen aneren hir Interête géingen ënnergebottert ginn. “Mir sinn an engem Kräfteverhältnis, wat net gënschteg ass fir Europa. A wann der haut kee Lithium hutt, wann der haut keng Buedemschätz hutt, dann hutt der net vill, fir deem ze opposéieren an dat gëtt kalbliddeg ausgenotzt”. D’EU wär dofir gefuerdert, sech nei opzestellen an d’Entscheedungsprozesser ze vereinfachen a ze verbesseren, fir nees méi handlungsfäeg ze ginn.“Mir hunn e grousse Problem vu Leadership”, kritiséiert de Charles Goerens, dee sech jo och scho méi dacks dofir ausgeschwat huet, de Prinzip vun der Unanimitéit ofzeschafen.
Dat wat de Putin an den Trump eenegt, wier, dass si Europa wëlle fragmentéieren a wéilten dass d’Europäesch Unioun géing verschwannen. An deem Sënn huet den erfuerenen DP-Mann bedauert, dass d’Europäer dat Spill géife matspillen, wa grouss Natiounen ewéi Frankräich, Däitschland oder Groussbritannien iwwer d’Käpp vun Estland, Litauen an anere Memberlänner am Osten ewech iwwer d’Ukrain-Strategie oder Oprüstungsfroen decidéieren. Egal wéi kleng e Memberstaat ass, misst ee sech respektéiert fillen, esou den Appell vum Charel Goerens.
Mam Vott vun der Omnibus-I-Direktiv wier eng Iwwerzeegung an de Koup gefall, gëtt de Charles Goerens zou. Am November huet d’EVP (wou och d’CSV dran ass) zesumme mat der rietskonservativer a rietsextremer Fraktioun fir eng Verwässerung vun där Direktiv gestëmmt. Vun 1979 u wier hie gewinnt gewiescht, dass een ëmmer Kompromësser an der Mëtt gesicht- a fonnt huet. Dat wier elo anescht. Déi Rietsextrem wären antëscht ganz gutt organiséiert a virop d’Europäesch Vollekspartei (EVP) géing ëmmer méi dacks Majoritéite mat de Rietsen- respektiv Rietsextremen agoen, fir sech akzeptéieren. Mee et misst sech jidderee bewosst sinn, “dass mer hei mam Feier spillen”, well et entretemps System hätt.
Et soll ee sech op dat besënnen, wat d’Leit soen, déi schonn am viregte Joerhonnert gesinn hunn, wat kann entstoen, wann een net oppasst op esou Parteien. Den Europadeputéierten zitéiert den Bertolt Brecht den 1933 geschriwwen huet: “Hinter der Trommel her. Trotten die Kälber. Das Fell für die Trommel Liefern sie selber.” Iwwer d’Feierdeeg wéilt hie sech och nees méi intensiv mat de Schrëfte vun der politescher Philosophin Hannah Arendt beschäftegen. “Mir sollen aus der Geschicht léieren a mir solle kucken, wéi vill Parallellen dat mat haut huet. Dat muss net esou ausgoen, wéi dat vun 1933 bis 1945 gaangen ass. Mee dat awer esou ugeet, lo, dat kann awer kee Mënsch mer falsch maachen.”
Invité vun der Redaktioun: Charles Goerens
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.