Entrevue mam Premier Luc FriedenEU-Rotspresident António Costa op Tëschestopp zu Lëtzebuerg

Céline Eischen
Op sengem Tour duerch d'Haaptstied vun der Europäescher Unioun huet den EU-Rotspresident Antonio Costa e Mëttwoch ee Stopp hei am Grand-Duché ageluecht. Am Staatsministère huet hie sech moies mam Premier Luc Frieden fir Gespréicher gesinn.

Haaptsujet war d'Entwécklung vun der Maart-a Kapitalunioun fir weider privat Investitiounen an d'EU-Wirtschaft ze lackelen. Lëtzebuerg géif hei mat der Finanzplaz eng wichteg Roll spillen, wéi béid Politiker op der gemeinsamer Pressekonferenz ënnerstrach hunn.

Ee weidere wichtege Sujet ass a bleift den EU-Budget: D'EU-Länner si jo hei gespléckt tëscht deenen, déi méi wëlle spueren, an deenen, déi méi Fonge fuerderen. Lëtzebuerg wier hei an der Mëtt, wéi den CSV-Premier Luc Frieden erkläert huet: Et bräicht Investitiounen, mä net mat neie Scholden oder Steieren.

Och déi geopolitesch Aktualitéit stoung um Ordre du jour: D'Ukrain z'ënnerstëtzen, wier och een Investissement an déi europäesch Sécherheet. De Virfall um Flughafen zu Leipzig huet den Antonio Costa schaarf verurteelt:

"La Russie doit bien comprendre, que ce ne sont pas ces menaces, ces attaques hybrides ou pas hybrides qui vont faire changer la position de l'Union Européenne. Car la position de l'Union Européenne est ancrée dans les valeurs fondamentales du droit international."

Vill Länner fuerderen nom Virfall zu Leipzig eng méi streng Haltung vis-à-vis vu Russland. Wéi genee déi wäert ausgesinn, kéint een awer elo nach net soen.

Back to Top
CIM LOGO