An der Forensik gëtt et eng Technik, déi a sou besonnesche Fäll weiderhëllefe kann. Déi vun der Gesiichtsrekonstruktioun. Vum 3. bis de 7. August treffe sech an de Raimlechkeete vun der Police um Verluerekascht international Experten. Et geet drëms, dës forensesch Method ze léieren an duerno weiderzeginn. Bei der Formatioun si souwuel Polizisten aus de Benelux-Staaten, wéi och der Groussregioun a souguer vun Abu Dhabi dobäi. Ënnerstëtzt gëtt ee vun engem amerikanesche Forensiker, dem Joe Mullins vun der George Mason University.
D‘Aufgabe vun de Spezialiste sinn aussergewéinlech an et brauch eng gutt Portioun Fangerspëtzegefill, mee awer och dat richtegt Wëssen. Schrëtt fir Schrëtt soll aus engem Schädel nees en erkennbaart Gesiicht vun enger verstuerwener Persoun entstoen. Zil ass et dobäi net, e perfekte Portrait ze formen, mee e realistescht Bild, fir dass Hannerbliwwener, wéi och méiglech Zeien, dës Persoun nees kënnen erëmerkennen an identifizéieren.
2025 goufen zwee Beamte vun der Police judiciaire wärend e puer Wochen an den USA forméiert. Haut gehéiere si zu de wéinegen Experten an Europa, déi dës Technik beherrschen an op dësem Gebitt spezialiséiert sinn. Lëtzebuerg huet ausserdeem den éischten offiziellen interne Police-Service an Europa, dee Gesiichstrekonstruktioune mécht.
D‘Zil vun der momentaner Formatioun ass et, weider Experten auszebilden an international Connexiounen opzebauen. Ma gläichzäiteg weist et och, wéi eng modern Technologien a wëssenschaftlech Methoden et haut gëtt, fir Enquêtë kënne weiderzebréngen.
Den Joe Mullins beschreift sech selwer als forensesche Kënschtler. Fir hie wier et immens wichteg, säi Wësse weiderzeginn, well et an Amerika scho villen Hannerbliwwene gehollef huet, fir Gewëssheet ze fannen.
Bei der Gesiichtsrekonstruktioun gëtt en 3D-Print vum Schierbel gemaach, op deem da mat gewéinlechem Plastilinn dru geschafft gëtt. Dobäi ginn et Reegelen an Demarchen, un déi ee sech muss halen. Déi Schallimo-änlech Marqueure sinn d‘Basis. 24 Stéck ginn op gewësse Plaze festgemaach a vun do aus ginn déi eenzel Muskelgruppen opgebaut. Natierlech wier dës just e Referenzwäert, mat deem ee kéint schaffen, well een net weess, ob d‘Persoun déck oder dënn war.
Ma um Schädel kann een nach vill weider Informatiounen ofliesen. Ënner anerem, ob et e Mann oder eng Fra war, a wéi eng ethnesch Ofstamung en hat, unhand vun der Cavitéit vun den Aen. De Marc Melchior ass ee vun den zwee Lëtzebuerger Polizisten, déi sech 2025 wärend 10 Deeg a Florida forméiere gelooss hunn a sou gehéiere si zu de wéinegen Experten op deem Gebitt an Europa. An och wann een et net direkt géing unhuelen, de Besoin wier do. Schonn eleng hei zu Lëtzebuerg hätt een dëst Joer vum Parquet dräi ordonéiert Fäll erakritt, déi nach net publik gemaach goufen.
De Schierbel enthält vill weider Informatiounen. Ënner anerem, ob et e Mann oder eng Fra ass, a wéi eng ethnesch Ofstamung en huet unhand vun der Cavitéit vun den Aen. De Marc Melchior ass een vun den zwee Lëtzebuerger Polizisten, déi sech 2025 wärend 10 Deeg a Florida forméiere gelooss hunn a sou gehéiere si zu de wéinegen Experten op deem Gebitt an Europa. An och wann een et net direkt géing unhuelen, de Besoin wier do.
Bis zu enger Woch bréicht ee fir eng Rekonstruktioun. Vill vun de Participante si Phantombildzeechner, mee och Studenten aus der Anthropologie. Den Joe Mullins ass en amerikanesche forensesche Kënschtler a leet d‘Formatioun. Hien ass weltwäit eng Koryphee op dësem Gebitt. Fir hie wier et definitiv och eng Zort vu Konscht, mee mat engem konkreten Zil um Schluss. Nämlech den Hannerbliwwenen Gewëssheet ginn. An och wa Computeren a Kënschtlech Intelligenz scho vill kënne maachen, sou kéint näischt un dës Handaarbecht erukommen, sou den Joe Mullins.
"Et ass e staarkt Instrument, verstitt mech net falsch. An ech sinn direkt dobäi, wa K.I .et ëmmer richteg géing maachen. Mee momentan ass déi traditionell Method, wou ee seng Hänn benotzt op engem 3D-Modell an ee Muskele manuell noformt, effikass. Et klappt nach ëmmer. An et ass fir jiddereen accessibel, deen e puer Hänn, en 3D-Printer a Plastilinn huet. Mee dat richtegt Benotze vu K.I. muss geléiert sinn an et kascht vill méi, an domadder limitéiert ee sech selwer."
Dofir wier et a sengen Ae gutt, déi traditionell Method ze léieren, ier een herno op modern Technologie zeréckgräife kéint. Momentan wier dat heiten awer déi gängegst Form, déi och de meeschte Succès hätt.