Impressiounen aus der StadFakelzuch a Freedefeier um Virowend vun Nationalfeierdag

RTL Lëtzebuerg
Um 21 Auer goung et lass mam Fakelzuch an der Grand-Rue, duerch d'Rue du Fossé bis op d'Place Guillaume.
De Virowend vun Nationalfeierdag
En Donneschdeg koumen an der Stad vill Leit zesummen, fir an den Nationalfeierdag eranzefeieren.

An der Stad gouf en Donneschdeg um Virowend vun Nationalfeierdag gefeiert. Mat engem spezielle Programm mat vill Musek, Fakelzuch a Freedefeier. E grousst Volleksfest fir Lëtzebuerger Residenten, deen awer och vill Touriste begeeschtert.

Vun 18 Auer un konnt een op verschiddene Plazen uechter d’Stad Concerten an DJ-Sets kucke goen. Ma och bei de Souvenirsbutteker war eng méi lass. Hei konnt een ënnert anerem Touriste vu Sao Paulo oder Hawaii begéinen, déi sech vun de Feierlechkeeten iwwerrasche gelooss hunn.

Den Tito kënnt vu Sao Paulo an ass e Mëttwoch op Lëtzebuerg komm: “Ech war zoufälleg hei fir Clienten ze gesinn. Wou ech ukomm sinn waren esou vill Leit hei, gutt Stëmmung an dunn hunn ech decidéiert, fir e puer Deeg ze bleiwen an d’Freedefeier ze kucken. Et war Chance!”

“Et ass meng éischt Kéier hei. Ech si net speziell dofir komm, mee lo wou ech hei sinn, genéissen ech et”, laacht eng aner Touristin.

De Nationalfeierdag bréngt iwwerdeems och fir d’Hotelieren e gewëssene Stress mat sech. Den Hotel Cravat ass antëscht an der 4. Generatioun. Do weess een, op wat oppassen. Virun Allem awer wat fir eng Clienten ee kann erwaarden. De Carlo Cravat erkläert, datt vill Lëtzebuerger Famillje mat Kanner an den Hotel komme fir d’Freedefeier an d’Parad kucken ze kommen. Si hätten awer och all Joers nees Ambassadeuren an héije Besuch bei sech am Hotel.

Um 21.20 Auer ass de Fakelzuch an der Groussgaass gestart. Vun do aus goung et iwwer d’Rue du Fossé op de Knuedler. Eng 2.500 Leit si matgaangen. An och wann d’Wieder um Enn net ganz matgespillt huet, ass et fir esou munch een dach awer bestëmmt nach e laangen Owend ginn.

D’Fotogalerie vum Owend

Back to Top
CIM LOGO