Rapport vun der SantéFäll vun der Gripp staark geklommen, déi vu Covid-19 ginn erof

RTL Lëtzebuerg
An hirem neiste Rapport deelt d'Direktioun vun der Santé d'Zuele mat vu Covid-19/SARS-CoV-2-, Influenza- an RSV-Infektiounen.
© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

COVID-19/SARS-CoV-2

Am Laf vun der 48. Woch vum Joer, tëscht dem 24. an dem 30. November 2025, ass d’Zuel vun de gemellte SARS-CoV-2-Infektioune staark ëm ronn 23% gefall, dat vu 66 op 57 Fäll.

D’Konzentratioun vun den detektéierte Viren am Ofwaasser ass liicht geklommen. Bei de leschten Donnéeën hunn d’Varianten XFG (54,2 Prozent) an XFG.3 (29,1 Prozent) dominéiert.

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Gripp (Influenza)

D’Zuel vun de Fäll, déi am selwechten Zäitraum vun de Laboratoiren deklaréiert gi sinn, ass staark geklommen, dat vun 79 op 173 geklommen, also eng Hausse vun 119%. An der leschter Woch ware et 98% vun de Fäll d’Gripp vum Typ A an 2% vum Typ B.

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

RSV (Respiratoresche Synzytial-Virus)

Hei ass eng liicht Hausse vu 4% ze konstatéieren, mat 93 confirméierte Fäll géintiwwer 89 an der Woch virdrun. Zënter Oktober 2025 fale 75% vun den Infektiounen hei op Kanner ënner 9 Joer, wat weise géif, dass virun allem jonk Persoune de Virus kréien.

© Ministère de la Santé et de la Sécurité sociale

Back to Top
CIM LOGO