"Ignoréieren a läschen"Falsch Attestatioune fir Autosassurancen: Mobilitéitsministère warnt virun neier Arnaque

RTL Lëtzebuerg
De Mobilitéitsministère warnt en Dënschdeg an engem Communiqué virun enger neier Bedruchsmasch, déi am Kader vun der neier elektronescher Attestatioun fir d'Autosassurancen zirkuléiert.
© AFP

Zënter dem éischte Januar kann een d’Attestatioun fir d’Autosassurancen och am elektronesche Format virweisen – de Mobilitéitsministère warnt awer an deem Kontext elo virun enger falsche Email mat engem Link, fir dëse Certificat ze bestellen a fir deen dann Dossierskäschte verlaangt ginn.

Et handelt sech hei ëm eng Arnaque. Déi elektronesch Attestatioun ass gratis a ka just vum Assureur ausgestallt ginn. Aus deem Grond sollen d’Leit, déi sou e Message kréien, dann och dësen “ignoréieren a läschen”, sou de Communiqué vum Ministère.

Wourunner erkennen ech dës Mailen?

Op den éischte Bléck gesäit d’Mail effektiv aus, wéi wa se vun offizieller Säit géif kommen. “gov@sip.etat.lu” ass den Numm vum Ofsender. Wann ee sech d’Mailadress awer méi genee ukuckt, kann ee gesinn, datt déi vun enger Adress aus der Belsch “maëvasimon.be”. Déi komplett Adress wier an dësem Fall “information-gov-luxembourg-notification-noreply-carte-verte@maëvasimon.be”, also wäit ewech vun enger “etat.lu"-Mailadress.

Beim Link, op deen ee klicke soll, waren déi Onéierlech da manner erfinderesch an hunn dësen als “http://combell.pt.lu.elarius.be” uginn. Och hei erkennt een, datt ee mam “pt.lu” an der Mëtt vum Link probéiert, fir e wéi e Lëtzebuerger Link ausgesinn ze loossen, ma well dohannert nach kloer “elarius.be” steet, kann een séier aschätzen, datt dëst kee Link vun enger Säit aus dem Grand-Duché ass.

Back to Top
CIM LOGO