Police warnt virun ArnaqueFalsch "Poliziste" sinn aktuell am Land ënnerwee

RTL Lëtzebuerg
Der Police goufe rezent direkt e puer Fäll gemellt, bei deene sech Onéierlecher als Polizisten ausginn hunn an hir Affer iwwerzeegt hunn, hinne Wäertgéigestänn ze ginn.
© Laurent Weber

Bei dëser Arnaque kontaktéieren d’Täter d’Affer via WhatsApp oder Telefon an deelen hinne mat, datt si Affer vun engem Cyberbedruch goufen. Dowéinst misst d’Affer elo op e Link klicken an hir LuxTrust-Daten aginn. Weider muss d’Affer op hirem eegene Smartphone d’Luxtrust-Ufro akzeptéieren. Esou kréien d’Täter emol Zougang op d’Konte vum Affer.

Ausserdeem gëtt d’Affer gefrot, ob et Wäertgéigestänn doheem hätt. Ënnert dem Virwand, dës Wäertgéigestänn a Sécherheet bréngen ze wëllen, kënnt de falsche “Polizist” bei d’Affer heem, fir dës Géigestänn matzehuelen.

D’Police erënnert an deem Zesummenhang dorun, datt hir Beamten net esou virginn. Och ass et den Appell, datt all Polizist Lëtzebuergesch schwätzt a sech ausweise kann. Weider ass et den Tipp un d’Populatioun, sech net ënner Drock setzen ze loossen an, wa si Zweiwel hunn, sollen d’Leit den 113 kontaktéieren, fir sech d’Identitéit vun de Beamte confirméieren ze loossen. Déi perséinlech Date soll een op kee Fall un Onbekannter weiderginn.

Och ass et den Opruff op d’Bevëlkerung, datt ee grad eeler Leit a sengem Ëmfeld iwwer dës Aart vu Bedruch soll informéieren an opklären.

Dann och nach d’Informatiounen, u wat een déi richteg Policebeamten erkenne kann:

Back to Top
CIM LOGO