Invité vun der Redaktioun (28. Oktober)Fenn Faber, Direkter Klimaagence

Carine Lemmer
E Mëttwoch de Moie sinn d'Energiepräisser Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

Déi héich Energiepräisser ploen d’Leit an d’Wirtschaft, mä si dreiwen ëmmerhin och d’Energietransitioun virun. Erneierbar Energien interesséieren ëmmer méi Leit an doriwwer schwätze mer – am Virfeld vun der Tripartite an och vun eiser Tëleessendung "Studio 2" en Donneschdeg, wou et och ëm d’Energietransitioun geet – mam Direkter vun der Klimaagence, dem Fenn Faber.

Wou fänken ech un, wann ech wëll Energie spueren oder ëmklammen?

Wéini rentéiere sech Wäermepompel oder eng Solaranlag zum Beispill? An op wat muss ech oppassen?

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO