An der Gemeng Schëffleng ass den éischten Trauerpark zu Lëtzebuerg ageweit ginn. Et ass ee Pilotprojet, dee vun der Trauerwee ASBL begleet gëtt. Am Ausland gëtt et schonn änlech Projeten. Op den éischte Bléck kéint ee mengen, et wär eng Aart Spillplaz. Eng kleng Hütt, an där ee sëtze kann, ee Spannennetz, fir dran ze kloteren an hëlze Bléck, fir driwwer ze lafen. Et ass awer keng Spillplaz. Den neien Trauerpark an der Gemeng Schëffleng ass eng Plaz, un där sech Mënschen, déi an Trauer sinn, treffen an hir Trauer individuell ausliewe kënnen. "Ee Kierfecht ass näischt immens Attraktives. Hei hu si awer d'Méiglechkeet hinzekommen. An och interaktiv eppes ze maachen, dat heescht, mir hunn esou Bamstämmscheiwen, déi ee ka molen an néierleeën an et ass dat, wat engem Mënsch hëlleft. A schwéiere Momenter aktiv eppes maachen", erkläert d'Simone Thill vun der Trauerwee ASBL.
D'Trauerwee ASBL begleet Familljen, Kanner a Jonker, wa si ee Mënsch verluer hunn, deen hinne wichteg war. Jiddereen erlieft Trauer anescht. Kleng Ritualer wéi d'Mole vu Bamstämmscheiwe kënnen hëllefen, mat de Gefiller ëmzegoen, wéi d'Simone Thill erkläert: "Ritualer sinn immens wichteg, well si engem Halt a Sécherheet ginn, a Momenter, wou Wierder ganz schwéier sinn ze faassen."
Am Ausland ginn et änlech Projeten, zu Lëtzebuerg ass et awer den éischten. Et ass ee Pilotprojet: "D'Iddi koum vun enger Studentin, déi bei eis war, déi mir begleet hunn. Déi hat gesinn, dass et am Ausland an Däitschland esou ee Projet gëtt. An do ass et drëms gaangen, fir dass bei engem Kierfecht och nach eng Plaz ass, wou Leit bësse méi laang kënne bleiwen", esou d'Simone Thill. Net jiddereen, deen ee Mënsch verluer huet, geet gären op de Kierfecht oder huet d'Méiglechkeet, bei d'Graf ze goen. Deemno wéi ass d'Graf vun deem verstuerwene Mënsch och net onbedéngt zu Lëtzebuerg. Den Trauerpark ass fir jiddereen do a gëtt vill Fräiraum fir seng Trauer auszeliewen.

Zwee Joer huet et vun der Iddi bis zur Aweiung gedauert. Verschidden Elementer si vun de Schëfflenger Gemengenaarbechter an hiren Atelieren an Handaarbecht hiergestallt gi mat Holz aus dem Schëfflenger Bësch. Den Trauerpark huet ronn 40.000 Euro an der Realisatioun kascht.
Et gëtt och eng Bréifboîte am Trauerpark. Déi ass vum Kënschtler Raphael Gindt gesprayt ginn. An d'Bréifboîte kann ee symbolesch Bréiwer oder Zeechnunge geheien, déi un ee verstuerwene Mënsch geriicht sinn. Alles wat do rakënnt, gëtt vun der Trauerwee ASBL geréiert. Si plangen d'Bréiwer reegelméisseg anzesammelen, ze verbrennen a bei engem Bam ze verstreeën.

Den Trauerpark huet och ee symboleschen Notzen. Doduerch, dass en do ass an een e gutt gesäit, soll en och dozou ureegen, iwwer d'Thema Trauer nozedenken.
"Et gi Mënschen, déi traueren, et gi Mënschen, déi an Trauer sinn. An den Doud ass een Deel vun eisem Liewen. An domadder sensibiliséiert ee schonn", seet d'Simone Thill. D'Trauerwee ASBL setzt sech och fir ee besseren Ëmgang mam Thema Trauer an der Gesellschaft an. "Et ass net ganz komplizéiert: einfach op ee Mënsch an Trauer duergoen an en net jugéieren, fir dat, wat e mécht. Respektiv fir dat, wat en net mécht.", erkläert d'Simone Thill. "Bei engem Mënsch, deen trauert, bleift d'Welt doheem stoen, wärend si dobaussen weiderleeft."