
Am Norde vum Land si géint 17.35 Auer zu Gilsdref e Bus an en Auto anenee geknuppt, woubäi eng Persoun blesséiert gouf. Méi spéit am Owend géint 22.44 Auer ass am Pommerlach eng Persoun ugestouss a blesséiert ginn.
Am Süde gouf et géint 18.33 Auer zu Esch um Rond-point Raemerich eng Kollisioun tëschent engem Auto an engem Motorrad mat engem Blesséierten a géint 19.58 Auer en Accident mat zwee Gefierer op der A3 op der Héicht Diddeleng. Zwou Persoune goufen dobäi blesséiert. D’Rettungsdéngschter vun Diddeleng, Beetebuerg a Keel waren op der Plaz.
E Freidegmoie koum et dann och op der Arelerstrooss zu Simmer zu engem Accident mat engem Bus an engem Auto. Blesséiert gouf hei awer keen.