3 Fäll a leschten DeegGemeng Helperknapp mécht Zeienopruff wéinst Vandalismus zu Bëschdref

RTL Lëtzebuerg
Ënnert anerem goufen eng Fënster vun engem Busarrêt, eng Fënster um Gemengegebai "A Kanech" an de Reider vum Duerf beschiedegt.
© Gemeng Helperknapp

Zu Bëschdref goufen an de leschten Deeg e puer Fäll vu Vandalismus gemellt.

D’Gemeng Helperknapp verurteelt d’Beschiedegungen a seet, datt d’Virfäll der Police zu Miersch gemellt goufen.

Och weider Fäll sollen un déi zoustänneg Autoritéite weidergeleet ginn.

D’Gemeng rifft elo Zeien op, sech mat Informatiounen ze mellen. Dat ass bei der Gemeng ënnert 28 80 40-1 oder beim Policebüro Miersch ënnert 24 49 01 000 méiglech.

Back to Top
CIM LOGO