E Méindeg de Moie waren d’Prioritéite vum neien ADR-Deputéierte Michel Lemaire Thema an der Emissioun “Invité vun der Redaktioun”.
De Fernand Kartheiser schwätzt net just mat Russen, mee och mat Ukrainer. Dat huet säi Parteikolleeg, den neien ADR-Deputéierte Michel Lemaire e Méindeg de Moien hei op RTL deklaréiert. Hien huet dem Europadeputéierte seng Reesen a Russland verdeedegt, mee awer och dem ADR-Deputéierten Tom Weidig seng an d’Ukrain. Et wier kee Widdersproch.
“An engem perséinleche Gespréich mam Fernand Kartheiser si mer eis driwwer eens ginn, datt dat eng gutt Initiativ vum Tom war, fir an d’Ukrain ze reesen an ech wëll betounen, datt de Fernand net nëmme mat de Russe schwätzt a ganz onkamoud Diskussioune mat de Russe féiert, wou e sech fir de Schutz vu Minoritéiten asetzt. Mee de Fernand schwätzt och mat den Ukrainer, do ginn et jo och ukrainesch Delegatiounen, déi beim EU-Parlament sinn an de Fernand sicht den Dialog mat béide Säiten.”
De fréieren ADR-Deputéierte Roby Mehlen huet wéinst dem Fernand Kartheiser sengen Aktiounen d’Partei awer definitiv verlooss. Säi Virworf, datt den ADR-Europadeputéierten do wéilt Stëmme sammelen, wou russesch Propaganda op fruchtbare Buedem gestouss wier, dat wier net dem Michel Lemaire seng Meenung: “Ech si mam Roby weiderhi ganz gutt”, esou awer den neien ADR-Deputéierten. A sengen Ae wier et “säi gutt Recht, d’Partei ze verloossen”.
D’Meenungsfräiheet ass och eng vun de Prioritéiten, déi den ADR-Deputéierte sech gesat huet. Hie geséich déi schonn a Gefor, virun allem duerch den europäeschen Digital Services Act, deen “drakonesch Strofe” géing virgesi géint falsch Informatiounen, mee och “trusted flaggers”, also Instanzen, déi a sengen Aen de Regierunge géingen nostoen an decidéiere géingen, ewéi ee Contenu online géing bleiwen a wéi een net. Et géing kloer falsch Informatioune ginn ewéi “1 Plus 1 ass 3", mee aner Saache wieren net sécher, ewéi zum Beispill den Ursprong vu Covid.
De Michel Lemaire ass awer averstanen, datt den Digital Services Act gutt Säiten huet, ewéi d’Lutte géint d’Pedokriminalitéit. Hien ass och averstanen, datt Russland an aner Staate sech net solle kënnen an d’europäesch Demokratien amëschen. D’Politik soll d’Leit net erzéien an d’ADR géing kengem seng Meenung ënnerdrécken, sou weider Aussoe vun him.
De Michel Lemaire, dee fir de Jeff Engelen nogeréckelt ass, wëll ni aus Opportunismus handelen. Hien huet “d’Gefill” ausgedréckt, datt Leit eng Partei géingen ewéi e “puer Strëmp” auswielen an net aus Iwwerzeegung, mee well se perséinlech wéilte virukommen. Hie geséich esouguer “Narzissmus” an der Politik. Ewéi hien 2015-16 bei d’ADR gaangen ass, wier et der Partei net gutt gaangen.
“De Lemaire wäert nimools ‘le maire’ ginn”, esou de Michel Lemaire, dee sech op eist Wuertspill agelooss huet. Hie wier ganz zefridden als Conseiller zu Clierf, mee fir Buergermeeschter ze sinn, do misst een en anere Profil hunn an et géing him “näischt soen”.
Um Krautmaart wëll hie sech awer fir säi Bezierk asetzen. Den Norden hätt “Defiziter” an der Infrastruktur, ewéi d’Mobilitéit oder nach an der Gesondheetsversuergung. Dës wieren net just aus finanzielle Grënn, mee och strukturellen. Och méi Leit? “Jo jo, jo jo”, esou de Michel Lemaire, dee sech fir eng Uni-Klinik ausgeschwat huet, fir komplett Medezinsstudien unzebidden a méi Hëllef fir Dokteren, déi e Cabinet wéilten opmaachen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.