De Robert Mehlen trëtt aus der ADR aus a gëtt den Titel vum Éierepresident of
© RTL Archiv
Wéi den ADR-Politiker a sengem Schreiwes un d'Medien schreift, kéint hien net méi an enger Partei sinn, déi "Putin-frëndlech Politik" géif maachen.
Hannergrond vun der Decisioun vum fréieren Deputéierten ass de rezente Besuch vum momentanen ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser zu Sotchi a Russland (no enger éischter Rees schonn am Mee). Hei hätt hien ënnert anerem verschidde Vertrieder vun der russescher Oligarchie getraff a géif d'Europäer als "Krichsdreiwer" bezeechnen, déi de Friddensprozess géife blockéieren. Och d'Sanktioune géint Russland géif de Fernand Kartheiser net akzeptéieren, heescht et weider am Bréif vum Robert Mehlen, deen d'Iwwerschrëft "D'Mooss ass voll!" dréit.
An deem Kontext schwätzt hie vu "Geschwafel" säitens dem EU-Politiker aus den eegene Reien, deen de russeschen Ugrëffskrich an der Ukrain géif "relativéieren". Weider seet hien, dass sech de Fernand Kartheiser "zum Propagandist vun der russescher Verbriecherclique" géif maachen an d'Ënnerdréckung an den "Terror" am Land géif kloer ënnerstëtzen.
D'Verhale vum Fernand Kartheiser an de Fait, dass sech d'Partei, an där de Robert Mehlen 20 Joer President war, hannert hiren Europadeputéierte stellt, wier mat der "Opfaassung vu Rechtsstaatlechkeet, Fräiheet an Demokratie" vum Politiker net méi ze vereenen. Dofir huet hien um Schluss vu sengem Schreiwes bekannt gemaach, dass hien aus der ADR austriede wäert an och den Titel als Éierepresident géif zeréck ginn.