PoliceFestnam no zwee Iwwerfäll mat Gewalt an der Stad

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun den Ermëttlunge konnt ee Mann, dee mat béide Fäll a Verbindung stoung, kuerz drop gestallt ginn.
© RTL

Op Neijooschdag géint 01.35 Auer gouf der Police een Iwwerfall an der Ënneschtgaass gemellt, bei deem zwee Täter d’Affer ugegraff an him eng Kette geklaut hunn. Kuerz drop gouf e weidere Vol an der Uewerstad gemellt, wou engem aneren Affer vu méi Täter den Handy geklaut gouf.

Am Kader vun den Ermëttlunge konnt ee Verdächtegen, dee mat béide Fäll a Verbindung stoung, festgeholl gonn. Hie gouf engem Untersuchungsriichter virgefouert.

Back to Top
CIM LOGO