No engem Brigang gëtt nach gesichtFestnam no Vol mat Gewalt um Kierchbierg

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg géint 19.45 Auer gouf der Police en Déifstall mat Gewalt an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg gemellt.
© Laurent Weber

E Mann war vun zwee Täter ugeschwat ginn. Ee vun hinnen huet d'Affer um Genéck an um Réck beréiert, ier hien him op d'Broscht geschloen an him zwou Ketten vum Hals gerappt huet. Déi zwee Täter sinn du geflücht.

Bei der Sich konnt de presuméierten Haapttäter identifizéiert a gestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf hie festgeholl. Nom zweeten Verdächtege gëtt weider gesicht.

Back to Top
CIM LOGO