Organtransport op HellegerowendFir Chrëschtdag en neit Häerz

Luc Marteling
Mat Hëllef vun der Luxembourg Air Rescue krut eng Persoun a Frankräich de 24. Dezember en neit Liewe geschenkt.
Eng Këscht, déi Liewe rett: An esou engem “Vitalpack” gouf d’Häerz fir d’éischt transportéiert an dono transplantéiert.
© LAR

Et sinn déi Amenter, fir déi ee seng Aarbecht mécht a spontan an den Asaz geet. An et sinn déi Geschichten, déi ee gäre wéilt erzielen, well et ëm stierwen a liewe geet. Ma bei aller Léift fir dat Éischt, dat Zweet ass just a Konture méiglech, et geet nämlech ëm Organtransplantatiounen – “do ass den Anonymat immens wichteg”, seet de René Closter, President vun der Luxembourg Air Rescue (LAR).

Déi hat de 24. Dezember en Asaz, deen enger Persoun a Frankräich d’Liewe gerett huet. Allerdéngs hat virdrun, esou batter et kléngt, eng aner Persoun hiert musse ginn. An dësem Fall geet et ëm en Häerz, dat enger glécklecher Persoun vun enger onglécklecher gespent gouf. “Ech duerf natierlech net soen, vu wou aus mer wuer geflu sinn, fir datt een net kann novollzéieen, wie wiem säin Häerz krut”, esou de René Closter.

“Vu wou en Organ kënnt a wouhi mer et bréngen, duerfe mer net soen.”
René Closter, LAR-President

Wéi esou en Asaz ofleeft, dat kann den LAR-President par konter soen: “Wann d’Info kënnt, datt anzwousch eng Persoun gestuerwen ass, där hir Organer kënne weidergi ginn, da fléie mir mat engem vun eise Learjetten d’Ekipp, déi sech ëm d’Transplantatioun këmmert, an hiert Spidol sichen a fléien da weider mat hir op d’Plaz, wou d’Organ kann erausgeholl ginn. D’Eraushuelen dauert och e puer Stonnen. D’Häerz gëtt kontrolléiert a wann et nach gesond ass a vun der Gréisst hier passt, da gëtt d’Spidol informéiert, datt de Patient oder d’Patientin, déi en neit Häerz brauch, scho ka virbereet ginn, datt also hire Broschtkuerf scho kann opgemaach ginn.”

D’Organ, dat nach gutt ass, kënnt an eng Killbox a gëtt dann am Fliger zesumme mat der Ekipp hannescht an d’Spidol geflunn, wou et da kann transplantéiert ginn. Esou geschitt mat engem Häerz op Hellegerowend a Frankräich.

En LAR-Learjet: Am Fall vun enger Transplantatioun flitt d’Crew vun der Air Rescue mat esou enger Maschinn d’Dokteschekipp an d’Spidol sichen, flitt da mat hir op d’Plaz, wou en Organ kann erasugeholl ginn, an dann nees hannescht an d’Spidol bei déi Persoun, déi op en neit Organ waart.
© LAR

Zesumme mat engem Partner vu Lyon huet d’Air Rescue d’Exklusivitéit fir Organtransporter duerch d’Loft an eisem Nopeschland. D’Koordinatioun vun de Flich uechtert ganz Frankräich geschitt um LAR-Siège um Findel, véier Leit këmmere sech ëm soss näischt, wéi déi ronn 1.300 Fluchoperatiounen d’Joer ze koordinéieren. Transportéiert gi Longen, Lieweren, Nieren, Bauchspeicheldrüsen an Häerzer. A bei esou Transporter duerf näischt schifgoen: Éischtens bleiwen d’Organer net laang frësch, Häerzer zum Beispill just aacht Stonnen, an zweetens stierft soss déi Persoun, déi ewell op den Agrëff virbereet gouf an eventuell schonn hiert net méi gesond Organ erausgeholl krut.

“Vu wou en Organ kënnt a wouhi mer et bréngen, duerfe mer net soen”, ënnersträicht de René Closter. Aus deem Grond ass dann och net gewuer ze ginn, wéi et där Persoun geet, déi op Hellegerowend en neit Häerz agesat an idealerweis domat och en neit Liewe geschenkt krut.

Back to Top
CIM LOGO