
An der Reunioun vum Konjunkturcomité gouf de Bilan gezu vum Mount Februar: 51 Demandë goufe gemaach, fir dierfe kuerz ze schaffen a schlussendlech hunn 29 Betriber d'Mesure tatsächlech genotzt. Am Ganze ware 792 Salariéë betraff, dat entsprécht 160 Vollzäit-Posten.
D'Käschte fir de Fonds pour l'emploi louchen am Februar bei ronn 582.000 Euro.
Déi nächst Reunioun vum Comité ass fir de 24. Juni geplangt.