SchoulFir dës Rentrée goufen 63 sougenannt Quereinsteiger rekrutéiert

RTL Lëtzebuerg
Bannent de leschte 6 Joer goufen am Enseignement fondamental knapp 2.000 Leit agestallt.
Quereinsteiger
Fir dës Rentrée goufen 63 sougenannt Quereinsteiger rekrutéiert

Zënterhier ass och den Undeel vum Léierpersonal mat engem Bachelordiplom vu 87% op 96% eropgaangen.

Fir dës Schoulrentrée goufen 164 Leit mat engem traditionelle Schoulmeeschteschdiplom rekrutéiert, 105 Chargée mat Beruffserfarung am Secteur an 63 sougenannt Quereinsteiger mat engem Bachelor, deen den Objektiver vum Enseignement fondameental, nokënnt.

2018 gouf d’Quereinsteiger-Formatioun an d’Liewe geruff. Zënterhier goufen iwwert dee Wee 797 Enseignanten rekrutéiert. Dorënner d’Sally Lehmeier. D’Mamm vun zwee Kanner, déi 10 Joer laang Éducatrice graduée war, bereit hire Beruffswiessel net, och wann den Ufank net einfach war. Elo ass si frou zu Diddeleng an der Schoul Lenkeschléi kënnen z’enseignéieren.

De Quereinsteiger-Programm leeft wéi gesetzlech festgehalen elo aus a gëtt ersat duerch e Studium vun engem Joer op der Uni Lëtzebuerg. Déi éischt 22 Studenten hunn dëst Wantersemester mam Bachelor en Formation pédagogique gestart.

Back to Top
CIM LOGO