Och dëst Joer sinn nees Persounen ausgezeechent ginn, déi sech an den Déngscht vun anere Mënschen, vun der Allgemengheet, der Gesellschaft a vun eisem Land gestallt hunn.
Bekannt ass d’Monique Mille virun allem duerch den Theater a Cabaret. Benevole engagéiert si sech am Comité vun der Amicale vum CIPA Houwald. Stellvertriedend steet si domat fir vill anerer Fräiwëlleger, déi an Altersheemer hëllefen. “Et ass en Engagement fir eng Gesellschaft, wou kee vergiess gëtt, wou jidderee seng Plaz huet an ee fir deen aneren do ass.”, esou de Staatsminister. Stellvertriedend fir all d’Volontairë krut d’Monique Mille vum Grand-Duc de Commandeur an der Couronne de Chêne.
De Kelvin Josue Alvarado Oliva gouf ausgezeechent fir Zivilcourage. Am November 2022 huet hien net gezéckt wéi hien als Éischten op de Lieu vun engem schwéieren Accident komm ass. Hien huet eng Persoun aus engem Auto gezunn, dee gebrannt huet. De Grand-Duc huet dem Alvarado Oliva d’Médaille d’honneur pour acte de courage et de dévouement en vermeil iwwerreecht. Op RTL Infos kann een en Témoignage liesen.

De Leandro Barreiro Martins steet nach am Ufank vu senger Karriär. Bannent kuerzer Zäit huet hien et fäerdeg bruecht, iwwert d’Grenzen eraus en Ambassadeur fir Lëtzebuerg an de Lëtzebuerger Futtball ze ginn. De Premier Xavier Bettel huet de Spiller als sympatheschen, ëmmer fairen, poséierten a reflektéierte Sportler bezeechent. Vum Grand-Duc krut de Leandro Barreiro Martins de Chevalier am Uerde vun der Couronne de Chêne.

De “stäerkste Mann vun der Welt” huet am Joer 1982 mat nëmmen 19 Joer den éischte vu senge 26 Weltrekorder opgestallt. De Georges Christen huet sech an de leschte Joren awer och vill benevole agesat, esou ënnert anerem fir d’Hëllefsorganisatioun Cartias. Viru 16 Joer huet hie fir Leit a schwierege Liewenssituatiounen e gratis Muskulatiouns- a Sport-Programm op d’Been gestallt, eng 100 Leit profitéieren all Joer vun dësem Programm. Fir dëst Engagement am Benevolat gouf de Georges Christen vum Grand-Duc mam Officier am Ordre de la Couronne de Chêne ausgezeechent.

De Xavier Bettel huet d’Christiane Kremer als eng Persoun beschriwwen, di d’Lëtzebuerger Kulturzeen iwwert déi lescht 4 Joerzéngte mat gepräägt huet. Als bekannte Journalistin, hätt si et fäerdeg bruecht, d’Kultur no vir ze bréngen an hir Inhalter ze vermëttelen. Selwer huet d’Christiane Kremer Bicher geschriwwen, iwwersat a publizéiert. Vum Grand-Duc krut Sie den Officier am Ordre de la Couronne de Chêne iwwerreecht.

1976 huet de René Elvinger als éischten Employé bei der haiteger Entreprise CEBI ugefaangen, en héich spezialiséierte Fournisseur vun der Autosindustrie. Haut schaffen iwwer 700 Leit zu Steesel, weltwäit huet d’Firma 3.000 Mataarbechter. E grousst Engagement huet hien och am Benevolat, virun allem fir déi eeler Generatiounen. De René Elvinger ass ee vun de Grënnungsmember vum Fleegeheem Elysis. Vum Grand-Duc krut hien dofir de Commandeur an der Couronne de chêne.