Muecht oder Léift?Fir Lokalpolitiker a bestuete Koppele gëllen eng Partie Reegele beim Wunnsëtz

Marc Hoscheid
E Méindeg gouf am Gemengerot vu Bech eng Motion de censure géint de Schäfferot ugeholl.
© RTL

Dono war et d’Nouvelle, datt d’Buergermeeschtesch vu bis elo, Jill Goeres, sech ganz aus dem Conseil zeréckzitt, well si an d’Éislek plënnert. Méi genee an de Kiischpelt, wou hire Mann, de Jos Fischbach, Schäffen ass. Wann d’Jill Goeres Buergermeeschtesch zu Bech bliwwe wier, wier déi Decisioun vläicht anescht ausgefall, mee geplënnert hätt egal wéi musse ginn, well fir Gemengeconseilleren a fir bestuete Koppelen am Generelle gëlle bestëmmte Reegelen. De Marc Hoscheid aus der Noriichteredaktioun huet sech do ëmfrot.

Fänke mer mol mat de Conseilleren un, op wat mussen déi dann oppassen?

Do gëllt dem Inneministère no virop eng gëlle Reegel: Et muss een an där Gemeng wunnen an där ee lokalpolitesch aktiv ass, dat ass nämlech eng Condition d’éligibilité. Et muss een esouguer scho sechs Méint viru senger Kandidatur an där Gemeng gewunnt hunn. Wann een an eng aner Gemeng plënnert, ass een d’office démissionaire. Wann de Schäfferot weess, datt ee Conseiller an eng aner Gemeng geplënnert ass, muss en dat dem Conseil respektiv dem Inneminister an och där concernéierter Persoun matdeelen. Déi huet dann aacht Deeg Zäit, fir eng Reklamatioun am Gemengerot anzereechen, wa se ieren awer nach an der Gemeng wunne sollt. Wann ee Conseiller net méi an enger Gemeng wunnt an trotzdeem weider lokalpolitesch do aktiv bleift, riskéiert en nom Artikel 262 vum Code pénal eng Amende vun 251 bis 5.000 Euro an eng Prisongsstrof tëscht 8 Deeg an engem Joer.

Wéi streng ass ee beim Inneministère dann, wann et drëm geet ze beurteelen, ob ee Conseiller och wierklech a “senger” Gemeng wunnt?

Well et wierklech net ëmmer evident ass, fir ze beweisen, wou eng Persoun wunnt, ass ee beim Inneministère zimmlech kulant. Do kann een als Beispill de Fall vum Veianer Buergermeeschter François Weyrich huelen, deen esouguer an däitsche Medien dat Schlass presentéiert huet, an deem e mat senger Famill an Däitschland wunnt, ma well en awer och een Daachdeckerbetrib zu Veianen huet, wou e sech dacks ophält, konnt en trotzdeem 2023 bei de Walen untrieden.

Lo war et am Fall vun der Jill Goeres jo sou, datt si an hire Mann an zwou verschiddene Gemenge gewunnt hunn an do jeeweils politesch aktiv waren. Do stellt sech d’Fro, ob een net zesumme wunne muss, wann ee bestuet ass?

De Justizministère ass a senger Äntwert formell: Äert ee bestuet gëtt, muss een net zesumme wunnen, mee wann d’Bestietnis bis offiziell ass, gëllt den Artikel 215 vum Code civil, dee virgesäit, datt déi bestuete Koppel zesumme wunne muss. Wann d’Koppel sech net eens gëtt, wou si zesumme wunne soll, da ka se ee Familljeriichter saiséieren, deen eng Entscheedung hëlt, nodeems e sech d’Motiver vu béide Partner ugelauschtert huet. Wann et legitim Grënn ginn, firwat se net zesumme wunne kann, da kann de Familljeriichter déi bestuete Koppel autoriséieren, getrennt vuneneen ze wunnen. Falls Kanner am Spill sinn, entscheet de Riichter och, bei wien déi wunne kommen. De Code civil gesäit iwwregens keng Iwwergangszäit vir, an där eng Koppel beienee plënnere muss.

Huet et dann och een Afloss op d’Besteierung, wann eng bestuete Koppel net zesumme wunnt?

Vum Finanzministère heescht et, datt bestuete Koppele kollektiv besteiert ginn, ausser se hunn am Ufank vum Joer eng Autorisatioun, fir separat ze wunnen, dat am Kader vun enger Scheedungsprozedur. Wa keng Autorisatioun fir separat ze wunne virläit, gëtt vum Finanzministère respektiv der Steierverwaltung net nogekuckt, ob déi bestuete Koppel zesumme wunnt, mee se gëtt automatesch kollektiv besteiert, ausser d’Partner géinge sech fir eng Individualbesteierung no Artikel 3. vum Steiergesetz entscheeden. Betraff sinn iwwregens net just bestueten, mee och gepacste Koppelen. Déi mussen nämlech zesumme wunnen, wa se vun de steierlechen Avantage profitéiere wëllen.

Et gëtt also eng Partie Reegelen, déi vläicht net jidderengem bewosst sinn. A speziell fir d’Lokalpolitiker gëllt, ob Muecht oder Léift méi wichteg ass, dat muss jidderee fir sech selwer entscheeden.

Back to Top
CIM LOGO