Transport, Spideeler, Butteker a RestaurantenFir Silvester muss ee sech op speziell Horairen astellen

Chris Meisch
Fir Silvester an Neijoerschdag ginn et souwuel am ëffentlechen Transport wéi och am Horeca-Secteur Upassunge bei den Auerzäiten.
© CFL

Am ëffentlechen Transport gëtt ronderëm de Joreswiessel gréisstendeels méi ugebueden, genee wéi a ville Restauranten. Op Neijoerschdag hunn dann déi meescht Betriber zou oder fueren op e Minimum zeréck.

Fir Silvester muss ee sech op speziell Horairen astellen / Rep. Chris Meisch

Transport

Ronderëm de Joreswiessel ass den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg speziell organiséiert. Op Silvester ginn d’Verbindungen an de meeschten Netzer verlängert: Busser, Trammen an Zich sinn deels méi laang ënnerwee oder fueren an der Nuecht op Neijoerschdag esouguer duerch.

D’CFL setzt an der Nuecht vum 31. Dezember op den 1. Januar speziell Nuetszich an. Op den Haaptlinne fueren d’Zich ongeféier déi ganz Nuecht iwwer, all Stonn.

D’RGTR-Busser fueren den 31. Dezember gréisstendeels dem normale Fuerplang no. An der Nuecht vu Silvester op Neijoerschdag gëlle speziell Fuerpläng, mat verlängerte Verbindungen op verschiddene Linnen.

D’AVL bitt op Silvester e staark erweiderten Déngscht un. Nieft dem normale Busreseau fueren d’City-Night-Bus-Linnen déi ganz Nuecht duerch, verschidde Linne souguer bis an de fréie Moien eran.

Och den Tram fiert op Silvester am gewinnte Rhythmus a bleift an der Nuecht op Neijoerschdag ouni Ënnerbriechung am Asaz.

Am TICE-Netz gëllt op Silvester de gewinnte Fuerplang, an der Nuecht op den 1. Januar sinn e puer Verbindungen ugepasst.

Neijoerschdag fueren d’Busser an Zich dem Programm vun de Feierdeeg no, dat vun 8 Auer Moies un.

All d’Detailer am Iwwerbléck fannt dir um Site vun der Mobilitéitszentral.

Spideeler

Ëmmer am Asaz, och op Silvester an Neijoerschdag, sinn d‘Spideler uechtert d‘Land.

Am Centre Hospitalier du Nord leeft den Déngscht den 31. Dezember an den 1. Januar normal weider. D’Urgence ass souwisou dat ganzt Joer iwwer op an och d’Doktere maachen hir regulär Garden.

Bei den Hôpitaux Robert Schuman ass den 31. Dezember vu 15 Auer u Garde, op Neijoerschdag de ganzen Dag.

Am Centre Hospitalier Émile Mayrisch ass d’Poliklinik zu Diddeleng nach bis de 5. Januar zou. Zu Esch ass d’Urgence ronderëm d’Auer op, zu Nidderkuer vu moies 8 bis owes 8 Auer.

Services de garde op RTL.lu

Butteker a Restauranten:

Op Silvester hunn déi meescht Grand-Surfacen, Butteker a Supermarchéen an der Stad hir normal Ëffnungszäiten. Jee no Betrib kann et awer sinn, datt eenzel Geschäfter e bëssen éischter zoumaachen.

Op Neijoerschdag sinn déi meescht Butteker zou.

D’Restauranten, Caféen a Bare sinn op Silvester normalerweis op. Vill Betriber bidde speziell Silvester-Menüen un oder hu méi laang op, deelweis bis an de fréie Moien eran.

Back to Top
CIM LOGO