Et gëtt ee positive Bilan vum Chrëschtmaart an der Stad gezunn. Verschidde Foraine schwätze souguer vun 5 bis 10 Prozent méi Venten a Clienten ewéi d’lescht Joer. Och de Charel Hary, President vun de Lëtzebuerger Forainen, weist sech zefridden. D’Erweiderung vum Chrëschtmaart – ënner anerem mam neie Site um Hamilius – hätt fir enger besser Verdeelung vun de Leit gesuergt. An och d’Opmierksamkeet an internationale Medien – ewéi bei der brittescher BBC - huet hire Bäitrag geleescht, mat villen Touristen, déi geziilt op Lëtzebuerg gereest sinn.
E grousse Plus-Punkt dëst Joer fir d’Forainen an d’Visiteuren: déi laang Ouvertureszäit bis de 4 Januar vun de Wantermäert. Besonnesch well déi meescht am Ausland schonn zou sinn, zitt et d’Leit op Lëtzebuerg.
Um Sonndeg ginn d’Luuchten da fir déi leschte Kéier aus an d’Stänn ofgebaut.