
En Dënschdeg géint 20 Auer gouf d’Police an d’Stroossbuerger Strooss geruff. Wéi si op der Plaz waren, hunn d’Beamten eng Partie Leit ugetraff, déi an eng kierperlech Ausenanersetzung verwéckelt waren. Eng Fra gouf dobäi verwonnt. Éischten Erkenntnisser no wieren d’Schnëttwonnen duerch eng futtis Béierfläsch verursaacht ginn. Déi presuméiert Täterin gouf op Uerder vum Parquet festgeholl.