
De Frank Engel krut vun der CSV tëscht Januar 2019 a Mee 2020 seng sozial Cotisatiounen, déi hien als Privatmann abezuelt huet, vun der Partei zeréckbezuelt. Dat steet an engem Rapport vum Rechnungshaff iwwer de Finanzement vun de politesche Parteie vun 2019.
En Donneschdeg ass de Rapport vun der Cour des comptes un d’Parteie gaangen. Dat Dokument läit RTL vir. Eisen Informatiounen no geet et ëm 6.000 Euro.