An der StadFriddlech Manifestatioun fir Solidaritéit mat Kambodscha

Lynn Cruchten
No der Annonce vun enger Wafferou am Grenzkonflikt mat Thailand, ass haut fir d'Vollek aus Kambodscha manifestéiert ginn.
Manifestatioun fir de Fridden a Kambodscha
An der Stad hunn um Sonndeg eng 80 Leit friddlech manifestéiert.

E Sonndeg hunn an der Stad ronn 80 Leit friddlech manifestéiert an hir Solidaritéit mam kambodschanesche Vollek ausgedréckt. Thailand gëtt virgehäit, mat militärescher Iwwerleeënheet Kambodscha ugegraff, Vëlkerrecht violéiert an Zivilisten ëmbruecht ze hunn. E fragille Waffestëllstand an eng eventuell Aussiicht op d’Fräiloossung vu Krichsgefaangene géif nach laang kee Fridde bedeiten, bekloen d’Manifestanten.

“Cambodia needs Peace!”, sou hiren Opruff, mam Appell un d’UNO, d’EU an d’Lëtzebuerger Politik, Drock op Thailand auszeüben, d’Wafferou ze kontrolléieren a sech fir eng dauerhaft Léisung anzesetzen.

Back to Top
CIM LOGO