Tëscheruff vum Roy GrotzPolitmonitor: den Ufank vun der "Lutte finale"?

Roy Grotz
Et ass e kloren Verdikt, deen den ILRES-Politmonitor vun RTL a Wort zeechent: quasi all ofgefrot 41 Politiker leeën an der Gonscht vun de Wieler zou, ausser e puer dach intrigant rout Feiler, déi blessant no ënne weisen. An do deet natierlech de -3 vum Staatsminister Luc Frieden der ganzer Regierung wéi, wëll hien aus der Topp 10 erausrëtscht - also hannert säi Finanzminister an identesch an der Gonscht rangéiert, wéi den neien Minister Spautz. De Premier muss lo d'Äerm eropstrëppen a Muskele weisen, mengt de Roy Grotz a sengem Tëscheruff.
© RTL

Fir Jiddwerengem ouni Konzessiounen ze weisen, wou de Bock d’Lach huet a wien de Chef um schwaarz-bloen-Croisièresschëff ass, dat grad net ënnerwee ass, fir e kamoude Club Med unzesteieren, mee éischter am Niwwel ouni GPS fiert.

Tëscheruff vum Roy Grotz

Ech héieren de Luc Frieden zwar scho seng Interpretatioun vun de Resultater grommelen: “Dat ass eng Momentopnam, op déi Zuelen ass nëmme bedéngt ze bauen - mee flott ass et net.”

Domat huet de Premier Recht, well aus den Deelzäit-Resultater vum Politmonitor ergëtt sech nämlech ëmmer méi e schaarft Bild, dat sech zu engem ganze Mosaik oder Puzzle zesummefüügt: nämlech dat vun Alpha-Politiker, souwuel schwaarz wéi blo, déi sech lo ëmmer méi kucken ze departagéieren an sech favorabel ze positionéieren, fir nëmme gënschteg op der Pole ze stoen, wann d’Course ëm d’Wielerstëmmen a knapp dräi Joer sou richteg lassgeet.

De Claude Meisch krut Kaffistasen-Episod mat Schierbelen, mee ouni ze vill Téitschen hannert sech bruecht, sou datt d’Feel-Good-DP-Politiker schonn an de Pre-Walkampf kënnen zéien a Sportshale fëllen, fir sech ouni Nout vun den CSV-Koalitiounskoleegen ofsetzen.

Mee och d’CSV muss lo d’Jalone setzen a wäert musse liberéiert vum Flappsert Mischo an de Modus vun der Attack iwwergoen: de Finanzminister huet dat an der Affär Sportsmusée virgemaach, wéi op säin Drock hin de ganze Projet zeréck gezu gouf, mee och de Premier huet iwwert de Weekend seng Fiedem gezunn an drop gehalen, datt de Knuet misst opgemaach ginn, fir net an enger Affär ze versuppen, déi sou déif kéint ginn, wéi de kontaminéierte Bulli um Schmelz-Sitt vun der rouder Lëns.

Dee Luc Frieden wäert als gewiefte Strateeg d’Resultat vum Politmonitor ganz genee z’interpretéiere wëssen - duerfir och säi Choix, fir nach emol als Parteipresident unzetrieden, an de Leadership z’iwwerhuelen. Datt hien och bannent der Partei net all Member hannert sech huet, ass gewosst, mee e Partei-interne Sträit dierft nëmmen der ganzer Regierung en bloc schueden - dat wëssen och Deputéiert wéi de Michel Wolter - ëmmerhin Nummer 3 am Süden.

Mee och d’Sozialiste sollte sech net ze vill op hir top beléift Galiounsfigure Lenert an Di Bartolomeo verloossen, wëll si et sécher net wäerte sinn, déi am Mäerz d’Partei-Presidence iwwerhuelen, mee éischter jonk hongreg Genossen, déi sech dat zoutrauen. Just, datt déi sech nach net all ze vill gewissen ginn, mee dat wäert jo nach kommen - wéi een héiert soll de Sportsmusée nëmmen den Ufank vun der rouder Strategie gewiescht sinn, trei dem Motto vun der “Lutte finale” - een Text deen och lo de Staatsminister méi genee wäert liesen.

Back to Top
CIM LOGO