Um 31. Dezember ass Schluss! No 47 Joer huet de Francis Nosbusch eng leschte Kéier op Silvester als Hautdokter geschafft. “Ech hunn nach gär e bëssi geschafft. Well awer vum 1. Januar 2026 un alles muss digitaliséiert sinn, wollt ech mech net méi ëmstellen”. Dëst erzielt mir den Dokter Nosbusch bei menger Visitt a senger Praxis.
Infirmier gradué wollt de ganz joviale Mann ugangs ginn. Esou wéi seng Schwëster, d’Marianne. “Du wäers jo awer net wëllen Infirmier ginn”. Sou huet dem Dokter Nosbusch seng Schwëster him deemools geäntwert. A weider: “Da géif ech an denger Plaz Medezin studéieren”. Senger Schwëster hire Rot huet de Francis Nosbusch dunn ugeholl. No der Première zu Dikrech goung et du fir 7 Joer op Stroossbuerg an duerno nach an eng spezialiséiert Klinik fir Hautkrankheeten op Hannover. “Ech hu geduecht, wanns du elo Modokter oder Chirurgie studéiers, dat gesäit een net. Do mussen da Röntge gemaach ginn. Par konter d’Haut gesäit een. Do kann ee grosso modo iergendwéi erausfannen,wat et schonn ass ouni grouss Examen z’ënnerhuelen”, sou den Dermatolog am RTL-Interview.
A bal 5 Joerzéngte si vill Generatiounen op Esch bei den Hautdokter an d’Consultatioun komm. Iwwer 80.000 Karteikaarte sinn an engem grousse Schaf stockéiert. “De Beruff huet mir ëmmer vill Satisfaktioun gemaach. Ech sinn ëmmer gutt mat Leit eens ginn. Obwuel, d’Hautkrankheete sinn net liicht. Virun allem déi chronesch. D’Patiente si mir awer meeschtens ëmmer dankbar gewiescht, fir dat, wat ech fir si gemaach hunn”. Dobäi laacht den Dokter iwwert d’ganz Gesitt.
Zu Stolzebuerg ass de Francis Nosbusch opgewuess. Do an der Regioun als Dokter schaffe wollt hien awer net. “Ech hätt net kéinten zu Veianen oder Klierf eng Praxis opmaachen an zu Ettelbréck war d’Madamm Koster. Mir hunn ëmmer gesot kritt, fir en Dermatolog missten et tëscht 30 a 40 Dausend Awunner ginn, fir dass ee ka liewen. Haut stëmmt dat awer net méi. Fir all Bobo ginn d’Leit haut bei en Hautdokter”. “An jo, wann ech virdru wär, géif ech nach eemol dat selwecht studéieren”. Dëst verréit mir de Francis Nosbusch.
Moies tëscht 7 an 8 Auer souze schonn déi éischt Patienten an der Salle d’Attente. Dat waren déi Leit ouni Rendez-vous. Iwwer 40 Patienten den Dag huet den Dokter all Dag gesinn. Déi lescht 12 Joer, wou den Dermatolog hallef Deeg geschafft huet, waren et nach ëm déi 20 Leit.
Laang Schaffdeeg ware fir den Hautdokter vun Esch eng Normalitéit. “D’Medezin am ganzen ass jo awer e Beruff, wou een ëmmer bei de Patienten ass. Et ass ee méi fir d’Patienten do ewéi doheem bei der Famill.”
“An d’Vakanz fiert ee jo gären, mee et kënnt een och gären erëm”. Dëst verréit mir den Dokter Nosbusch op d’Fro, wat hien dann elo a senger Pensioun maache wäert. “Ech hunn doheem meng Beschäftegung. Lo kann ech moies mol e bëssi méi laang am Bett leie bleiwen. Déi lescht Jore sinn ech ëmmer um 5 Auer opgestanen. Elo kann ech da mol bis 9 Auer schlofen. Gäre schaffen ech awer och am Gaart an de Keller misst geraumt ginn”. Sou den zukünftege Pensionär.