
En Alkoholtest beim Chauffeur war positiv an et gouf e Protokoll opgestallt.
Géint 01.57 Auer ass der Police zu Stadbriedemes bei enger Patrull en Auto opgefall, deen e platte Pneu hat a staark a Schlaangelinne gefuer ass. No der Kontroll war den Alkoholtest beim Chauffeur positiv an de Fürerschäin gouf agezunn.
Géint 04.55 Auer gouf en Verkéiersaccident tëscht zwee Gefierer um Schlammestee zu Weiler-la-Tour gemellt. Et war een dem aneren hannendra gefuer. De Verursaacher ass fortgefuer, konnt awer spéider vun der Police fonnt ginn. Och hei war den Alkoholtest positiv; de Fürerschäin gouf agezunn an et gouf e Protokoll wéinst Accident mat Fahrerflucht opgestallt.