Gemeng Käerjeng deelt matGemengeconseiller Josy Hames ass am Alter vun 73 Joer gestuerwen

RTL Lëtzebuerg
Hie war iwwer 24 Joer am Gemengerot, respektiv der Finanzkommissioun aktiv.
© Gemeng Käerjeng

De Josy Hames ass dout. Den ADR-Kommunalpolitiker vu Käerjeng ass stënterlech am Alter vun 73 Joer gestuerwen, confirméiert d'Gemeng an engem Schreiwes.

Hie souz 24 Joer als Conseiller am Käerjenger Gemengerot, laang fir d'CSV, an zanter September 2022, no engem Sträit ëm Aussoe géint déi jonk Gréng, fir d'ADR.

De Josy Hames, deen zu Bascharage gelieft huet, war Wittmann an hat ee Jong.

PDF: Schreiwes vun der Gemeng Käerjeng

Back to Top
CIM LOGO